Billie Schulté
masseur-kinésithérapeute
Hallo, mäin Numm ass Billie Schulté an ech freeë mech immens ee weidere Schrëtt am Aarbechtsliewen ze maachen an am Cabinet vum Andrew Ahenkora unzefänken. No 4 Joer Studium zu Köln (Bachelor en kinésithérapie) an 2 Joer zu Lëtzebuerg (Master en kinésithérapie) hunn ech och scho verschidde Beruffserfarungen (Rehazenter, Mondorf domaine thermal, Privat Praxis) a Formatioune gesammelt.
En respektvollen a professionellen Ëmgang ass mir immens wichteg, genau ewéi eng Vertrauensbasis fir zesummen op en gemeinsaamt Ziel hinzeschaffen. Kommunikatioun (op Englesch, Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch) a Spaass si weider Eegenschaften déi mir immens um Häerze leien an hëllefen zesummen eisen Objektiv ze erreechen.
Ausserdeem sinn ech eng sportbegeeschtert Persoun a spille säit mengem 4. Liewensjoer Basket. Dës Passioun fir de Sport an d’Beweegung hëlleft mir och reegelméisseg a mengem Beruff weider.
Ech freeë mech op Iech
Services
- Visite à domicile
- Rééducation post-opératoire
- Réathlétisation
- Drainage lymphatique
- Rééducation et prise en charge des pathologies simples et complexes
Etudes
- Bachelor – Université de Cologne
- Master – Université du Luxembourg
Langues
- Luxembourgeois
- Français
- Allemand
- Anglais
Rendez-vous
Prenez un rendez-vous chez Billie cliquant sur le lien suivant ou scannez le code QR.