D’Praxis
ANDREW AHENKORA

Allgemeng a Sport Physiotherapie

Wëllt Dir vun enger personaliséierter a professioneller Betreiung  profitéieren? No enger Evaluatioun vun Ärer Situatioun an den Aschränkungen un deenen Dir leid, maache mir an der Physiotherapie Praxis Andrew Ahenkora zu Esch-Uelzecht – Lëtzebuerg all Méigleches fir Är Mobilitéit ze verbesseren an déi schmerzhafte Deeler vun Ärem Kierper ze rehabilitéieren. Fir dëst ze maachen sollen d’Patienten net zécken fir eis hir medizinesch Berichter mat ze bréngen.

Eis Praxis ass houffreg a frou zu all Moment kënnen op hir vertrauensvoll Bezéiunge zu Dokteren, Chirurgen, Zänndokteren, Chiropodisten an Osteopaten zréck ze gräifen.. D‘Leitmotiv vun eis ass de Patient als Ganzt ze huelen fir esou d’Behandlung kënnen op eng spezifesch Manéier op hien unzepassen, well Péng ass vu Patient zu Patient ënnerscheedlech.

Servicer

Fir all Pathologie eng spezifesch Behandlung

An der Physiotherapie Praxis Andrew Ahenkora hu mir de Wonsch Iech mat Hellef vun enger breeder Palette u Behandlungen a Servicer eng adaptéiert Physiotherapiebehandlung unzebidden.

N

Orthopedie & traumatologie

Rehabilitatioun vu verschiddene ligamento-artikuläre Pathologien (adhäsive Kapsulitis, ankyloséierend Spondylitis, Kräizbänner, Spannungen …), Knachen Pathologien (Stress / Middegkeet Fraktur, Dislokatioun, Frakturen, Deformatiounen …), Muskel Pathologien (Verlängerung, Kontraktur, Myopathie) an Tendinopathien (Insertion Tendonitis, Entzündung vun der Retinacula, Tennis Ielbou, Golfspiller Ielbou, Patellar Tendinopathie, Achilles Tendinopathie, asw.).

N

Preventioun

Fir d’Aschränkung vu funktionnelle Fäegkeeten ze vermeiden, bidde mir präventiv a pädagogesch Servicer un: manuell Therapie, perineal Rehabilitatioun, asw.

N

Reathletisatioun

Eng spezifesch Ënnerstëtzung fir Athleten déi en optimale Comback zréck op den Terrain ustriewen.

N

Kine Doheem

Dëse Service ass geduecht fir Patienten déi eng spezifesch Ordonnance vun hirem Dokter kritt hunn. Zéckt net fir Är Adress + Telefonsnummer ze hannererloossen wann Dir e Rendez -vous iwwer Doctena oder iwwer Telefon maacht.

N

Eescht Pathologien

Neurologesch Rehabilitatioun, Lymphödem, vestibulär Rehabilitatioun, bedeitende oder globalen funktionnelle Verloscht, chronescher Polyarthritis, Dystrophien, zystescher Fibrose, Longenerkrankungen …

N

Noutfall

Am Fall vun engem physiotherapeuteschen Noutfall, zéckt net de eis unzeruffen, sou kënne mir d’Behandlung sou séier wéi méiglech ze arrangéieren.

Rendez-vous

Consultatiounen an eiser Praxis oder bei Iech Doheem

Op Rendez-vous, Méindes bis Freides vu 7h00 bis 19h00. Mir betreie Patiente vun : Esch-Uelzecht, Belval, Lëtzebuerg asw. .

Kontakt

Dir stellt eis gär eng Fro oder wëllt gäre Méi iwwert eis Servicer gewuer ginn.

Adress:

Cabinet de Kinésithérapie
Andrew Ahenkora
5-7, rue d’Esch
L-4440 Soleuvre

Email:

praxis@aak.lu

Téléphone:

+352 26 57 32 17

Auerzäiten:

Lundi: 07h00–19h00
Mardi: 07h00–19h00
Mercredi: 07h00–19h00
Jeudi: 07h00–19h00
Vendredi: 07h00–19h00